• Hyrox Frankfurt: Wann Erausfuerderunge Spaass maachen
    2024/12/16
    An dëser Episode huelen ech a meng Partnerin Katya Iech mat op eis Hyrox-Aventure zu Frankfurt! 🎯 Virum Start hunn mir eis Gedanken, Strategie an Emotiounen opgeholl – an no der Course erzielen mir, wéi et eis gaangen ass, wat eis iwwerrascht huet, an eis léifsten (an haartste) Momenter. Wéi huet eis Virbereedung ausgesinn? Wat war eis gréissten Erausfuerderung? A wéi fillt et sech un, zesummen esou eppes z’erreechen? Eng éierlech a perséinlech Rees duerch e spannende Fitness-Event, gewürzt mat vill Teamgeescht a perséinlechem Wuesstem. 👟 Lauschtert eran a gitt Deel vun eiser Hyrox-Erfahrung! #Hyrox #Frankfurt #FitnessJourney #TeamSpirit #PodcastLuxembourg
    続きを読む 一部表示
    30 分
  • Grenzen iwwerschreiden: Jérôme Ewen iwwer Erfolleg an Erausfuerderungen
    2024/12/09
    An dëser Episod hunn ech e ganz besonnesche Gaascht: Jérôme Ewen, ee vun deene bekanntsten Triathleten a Lëtzebuerg. Hien deelt mat eis seng inspiréierend Rees vu sengen éischte Schrëtt am Triathlon a Lafen, iwwer seng spektakulär Victoiren bei nationale Championnater an europäeschen Duathlons, bis hin zu senge Leeschtungen am Extreem-Triathlon. De Jérôme erzielt, wéi hien säi Kierper a säi Geescht op d'Häert vun engem Extreem-Triathlon preparéiert huet, wou hie bei 13°C kalem Waasser geschwomm, iwwer 195 Kilometer mam Vëlo gefueran op 3.000 Meter Héicht e Marathon gelaf ass. Mir schwätzen iwwer seng mental Stäerkt a wéi hien mam Hypnow-Coach Dan Thuy un sengem Fokus an dem Iwwerwannen vu Blockaden geschafft huet. An dëser Episod gëtt et vill Inspiratioun fir all Sportler, déi wëlle Grenzen duerchbriechen, an Ablécker an d’Strategien, déi Jérôme zu engem vun deene beschte Lëtzebuerger Athleten gemaach hunn. Verpasst net dës spannend Geschicht iwwer Passion, Determinatioun a Erfolleg! 🎙
    続きを読む 一部表示
    1 時間 11 分
  • Double Trouble: Zwee Sportlerinnen, een Hyrox mam Katya Delgado
    2024/12/02
    An der neier Episod vu mengem Podcast geet et ëm eng ganz besonnesch sportlech Erausfuerderung: Hyrox! Meng bescht Frëndin Katya, eng Fitness-Athletin, an ech, eng passionéiert Leeferin, hunn eis spontan fir e Hyrox am Double ugemellt – an dat ouni spezifesch Virbereedung. Mir schwätzen driwwer, wéi mir eis op dës Kombinatioun vu Kraaft a Konditioun virbereeden, wat eis Erwaardungen sinn, a wéi mir d’Teamwork an dësem intensiven Event erliewen. Et gëtt witzeg, éierlech a vläicht e bësse chaotesch – bleift mat dobäi a lauschtert eis Gedanken, Erfarungen a Pläng fir dësen ongewéinleche Challenge. 🏋️‍♀️🏃‍♀️
    続きを読む 一部表示
    51 分
  • Hypnose am Sport: Mental staark mam Dan Thuy vun HypKnow
    2024/11/25
    An dëser Episod hunn ech e ganz besonnesche Gaascht: Dan Thuy, Hypnosetherapeut a Grënner vu HypKnow. Mat engem aussergewéinlechen Hannergrond als Ultralaf-Sportler a Mentalcoach bréngt den Dan eng eenzegaarteg Perspektiv op d'Thema Mentaltraining am Sport. Mir schwätzen doriwwer, wéi Hypnose Athleten hëlleft, hir Grenzen ze verschiben, Angscht ze iwwerwannen a méi Fokus an d'Konzentratioun z'erreechen. Den Dan deelt seng Erfarungen, wéi hien Leefer an Triathleten dobäi ënnerstëtzt, déi mental Hürden ze iwwerwannen, déi heiansdo méi grouss sinn ewéi déi kierperlech. Dir wollt schonn ëmmer wëssen wouhier déi legendär FatBetty Grupp hiren Numm huet? An dëser Folleg gi mir dem ob de Grond! Dir gitt och méi gewuer iwwert seng Rees als Ultraleefer, seng Methodiken a seng Missioun, d´Mentalitéit vu Sportler ze stäerken – sief et fir eng besser Leeschtung oder fir de Sport erëm mat Freed ze genéissen. Eng Inspiratioun fir all Sportler a Leit, déi no mentaler Stäerkt sichen! 🧠🏃‍♀️
    続きを読む 一部表示
    48 分
  • Triathlon, Leidenschaft, a Kona: Dem Samantha sein Ironman-Märchen
    2024/11/18
    In dëser Episod geet et ëm d'Geschicht vun der passionéierter Triathletin Samantha Ecker, déi sech op der haardster Bühn vun der Triathlonwelt bewisen huet. D’Samantha ass net nëmmen national Champion iwwer déi laang Distanz, mee huet och hiren Dram verwierklecht an den Ironman zu Kona op Hawaii absolvéiert – en emotionalen a physeschen Test, deen hatt mat enger onheemlecher Energie an Disziplin gemeeschtert huet. Mat enger Zäit vun 11 Stonnen an 8 Minutten huet hatt sech net nëmme gutt an hirer Altersklass positionéiert, mee d'Erfahrung vun der Insel, dem Mantra vu Kona an der Gemeinschaft voll genoss. Wéi huet d'Samantha d’Leidenschaft fir Triathlon entdeckt? No méi wéi engem Joerzéngt am Sportturnen huet si mam Studium ugefaangen ze lafen a sech 2019 mam Schwammen an dem Vëlofaart intensivéiert – mat der Hëllef vu Frënn. Schnell huet si gemierkt, dass de Sport méi ass wéi nëmmen eng Erausfuerderung: en huet hatt inspiréiert, a säitdeem geet hatt iwwer seng Grenzen eraus. Nieft dem intensiven Training meeschtert d'Samantha och eng 40-Stonne-Aarbechtswoch bei der Police. Wéi kritt hatt et fäerdeg, alles ënnert een Hutt ze kréien? An wéi hëlleft den Triathlon hir am Alldag? Dës Episode verréit déi inspiréierend Strategie, Disziplin an déi motivéierend Geschicht hannert enger Athletin, déi mat vollem Häerz dem Sport nogeet a weist, wéi een duerch Ausdauer an Entschloss gehäit all Hindernis iwwerwanne kann.
    続きを読む 一部表示
    51 分
  • Schratt fir Schratt: Jil Ney iwwer Lafen an d’Freed um Sport
    2024/11/11
    An dëser entspaanter Episode schwätzen ech mam Jil Ney, enger passionéierter Leeferin a Kiné, déi alles vu 5 Kilometer bis hin zum Marathon leeft. Mir deelen eis Léift fir d’Lafen, diskutéieren iwwer déi kleng a grouss Erausfuerderungen, déi all Leefer kennt, a wéi een et fäerdeg bréngt, säi Kierper optimal ze stäerken a ze schützen. Jil verréit eis och, wéi d'Physiotherapie hëllefe kann, fir Verletzungen ze vermeiden an d'Regeneratioun ze verbesseren. Kommt mat op en interessanten a lëschtegen Austausch iwwer dat, wat d'Lafwelt esou spannend mécht, an entdeckt flott Tipps fir d’Training, Erhuelung a ville witzegen Anekdoten aus eiser Lafrees.
    続きを読む 一部表示
    32 分
  • Marathon-Champion Luc Scheller: Seng Rees an der Lafwelt
    2024/11/04
    An dëser Episod hu mir keen anere wéi Luc Scheller, e lëtzebuergeschen Ausdauerathlet, dee säi Wëssen an Erfarungen am Marathon a Triathlon mat eis deelt. De Luc huet net nëmmen 7 Marathone hannert sech, mä hien ass och déi typesch lëtzebuergesch Marathon-Ikon, déi d’Streck mat Eescht a Freed bezwengt. Hien erzielt eis, wéi hien sech op d'Course virbereet, seng Tipps fir d´Course mat där richteger Strategie an natierlech, wéi hien seng Ziler ugeet – och wann et mol net ëmmer no Plang leeft. Mir diskutéieren seng Leeschtungen a seng Zäiten. Hien deelt mat eis säin Abenteuer beim Frankfurt Marathon 2024 a wéi hien trotz widderhuelenden Hürden seng Zieler erreecht huet. Verpasst net, dës inspiréierend a witzeg Geschicht ze lauschteren, wéi de Luc iwwer seng gréisste Leeschtungen, Erausfuerderungen a seng Zukunftspläng am Sport erzielt! 💪🎧
    続きを読む 一部表示
    1 時間 10 分
  • Vun de Foussballschong bis zum Ironman – Michael Schenk seng aussergewéinlech Rees
    2024/10/28
    An dëser Episod schwätzen ech mam Michael Schenk, deen säi Wee vum Fussball iwwer d’Lafen an d’Vëlosfueren bis hin zum Triathlon fonnt huet. Mat 18 Joer huet de Michael mam Lafen ugefaangen, an ass direkt seng éischt 10 Kilometer ënner 40 Minutte gelaf. Vun do un huet hien sech mat Cross-Coursen, Duathlons a souguer Vëloscourse bewisen, an och de Vize-Championstitel bei den Junioren gewonnen. Mir kucken och op seng éischt Ironman-Erfahrung zréck, wou hien 2008 un der Ostsee säin éischten Ironman als Wette gemaach huet! A wéi konnt hien 2013 iwwer 80.000 Euro mam „Project 5“ sammelen? Mat senge sportlechen Ziler, wéi dem Ironman zu Kopenhagen nächst Joer, erlieft dir dem Michael seng Geschicht vum Sport, seng Erausfuerderungen a seng Motivatioun, trotz alle Schwéierkeeten ëmmer erëm zréckzekommen. Lauschtert eran a loosst iech vun dësem Sportler inspiréieren! 🎧💪
    続きを読む 一部表示
    40 分