『Gamer Things』のカバーアート

Gamer Things

Gamer Things

著者: Patrick Junio Mike Winter Marc Hermes Eldoradio
無料で聴く

このコンテンツについて

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.Eldoradio SF
エピソード
  • Episod 102 - Nei Spiller,grouss Hoffnungen: Wildgate, Battlefield & méi
    2025/07/16
    An dëser Episod vun Gamer Things geet et richteg zur Saach! 🎮 Mir diskutéieren iwwert de crewbaséierten Extraction Shooter Wildgate – kann dëse Mix aus Raumfaart, Action a Strategie de Genre nei definéieren? 🚀 Donieft schwätze mir iwwer de Remake vun Tony Hawk’s Pro Skater 3+4, deen elo offiziell eraus ass: Wéi gutt funktionéiert d'Skate-Nostalgie am Joer 2025? 🛹 Zum Schluss kucke mir op Battlefield 6 – d’Erwaardunge sinn héich, mee gëtt et endlech nees ee richtegen Hit fir d’Serie? 💥 🎁 Gewënnspill-Zäit! Gewannd'Deluxe Edition vun Death Stranding 2 – mir erklären am Podcast, wéi’s dumatmaache kanns! 🎧 Lauschter eran, loosst Feedback a vergiess net ze abonéieren!
    続きを読む 一部表示
    1 時間 11 分
  • Episod 101 - DEATH STRANDING 2, REMATCH an DONKEY KONG
    2025/07/02
    Eis Gamer erfuerschen d'Welt vum Hideo Kojioma sengem neisten Titel Death Stranding 2 a schwätzen driwwer wat dann am beschten hëlleft an och NET hëlleft fir bëssen ze "escapen". E bësse Fussball am Style vu Rocket League hëlleft dann och vläit am Spill Rematch, wat de Petz sech natierlech als RL-Fan ganz gären ënnert d'Loup hëlt. Dann ass op der neier Nintendo Switch 2, Donkey Kong Direct presentéiert ginn, an - oha - do kann een sech nëmme freeën! Dat a villes méi, wéi gewinnt bei Gamer Things!
    続きを読む 一部表示
    1 時間 10 分
  • Episod 100 - Summer Games Fest Saison ass do
    2025/06/18
    Mam Summer Games Fest huet, wat fréier als E3-Saison bekannt war, alles ugefaang. Soumat hunn eis dräi Gamer vill ze vill Theeme fir just an eng Episod ze stiechen. E puer hunn si sech awer erausgepickt a fir déi 100. Episod gëtt et och mol erëm eppes richteg Flottes ze gewannen.
    続きを読む 一部表示
    1 時間 24 分

Gamer Thingsに寄せられたリスナーの声

カスタマーレビュー:以下のタブを選択することで、他のサイトのレビューをご覧になれます。